Orange - wann d'Wiermt Faarf kritt 2

23/10/2026
Orange - wann d'Wiermt Faarf kritt 2
Play

Orange ass eng interessant Mëschung. Si läit tëscht dem staarke Rout an dem helle Giel a schéngt e bëssen eppes vun deenen zwee z'iwwerhuelen. Vum Rout kënnt d'Energie a vum Giel d'Liicht an d'Frëndlechkeet. Vläicht ass dat och de Grond, firwat Orange dacks als waarm, lieweg an optimistesch empfonnt gëtt. Mir fannen Orange bei Sonnenënnergäng, Uebst, Feier a waarmen Hierschtfaarwen. Et ass eng Faarf, déi sech gutt mat engem Gefill vu Liewen a Beweegung verbënnt.
An dann hu mer och déi kulturell Säit. Orange a seng Nuancen hunn a verschiddene Länner a Reliounen eng wichteg Symbolik. Besonnesch a Südasie spille safran- an orangefaarweg Téin eng grouss Roll am reliéisen a spirituelle Kontext.