In Pace: Chuck Norris
01/11/2026

Et gëtt Leit, déi Geschichte schreiwen. An da gouf et den Chuck Norris – e Mann, iwwer deen den Internet Geschichten erfënnt, déi bal nach méi legendär si wéi hie selwer. Den Hollywood- an Actionstar ass den 19. März am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
Den Chuck Norris, gebuer 1940 an den USA, war Kampfsportler, Schauspiller an eng richteg Action-Ikon. Bekannt gouf hien ënner anerem duerch seng Karatekämpf an de Film Way of the Dragon, an deem hien dem Bruce Lee géintiwwersteet. Fir vill Leit ass hien awer virun allem de Cordell Walker aus der Serie Walker, Texas Ranger.
