Mof - d'Faarf, déi fréier e Verméige kascht huet

20/11/2026
Mof - d'Faarf, déi fréier e Verméige kascht huet
Play

Stellt iech vir, dir sidd virun e puer honnert Joer e Mënsch mat vill Suen a Muecht. Dir wëllt eppes Besonnesches undoen. Et soll eng Faarf sinn, déi net jidderee sech leeschte kann. Dir hutt ee Choix: Mof. Déi Faarf war deemools net einfach eng Moudefaarf, ma e Statussymbol. Mof, oder Violett ass historesch bekannt, well e mat bestëmmte Mieresschleeken, de Purpurschnecken ze dinn hat. Fir genuch Faarfstoff ze kréie, waren enorm Quantitéite vun Déieren néideg. Dat huet Mof zu engem Luxus gemaach, deen nëmme wéineg Leit sech leeschte konnten.