Dem Lola seng Schockelas Knippercher
11/12/2020

Mat alle Sënner: Kucken, upaken, richen, schmaachen a beim briechen esouguer lauschteren...well och héiere kann een de Schockela, de schéine Knack, ass wéi eng gutt gestëmmte Gei. Wat de Schockela besser knackt, wat e besser op der Zong schmëlzt. Grad den däischtere Schockela brauch Zäit op der Zong ze zergoen, an seng Aromaen fräizesetzen, an do geet schonn e klengt Stéckelchen duer. Dovunner kann eis och déi hei Damm e Liddche sangen.