Biogas-Installatiounen

11/12/2020
Biogas-Installatiounen
Play

Quo Vadis Biogas? E Secteur fuerdert kloer politesch Aussoen. 2017 waren se zu 29; 10% vun der Stroumproduktioun aus erneierbarer Energie koum vun hinnen, an deemno hu si an deem Joer 18.000 Stéit d’Elektresch geliwwert...riets geet vun de Lëtzebuerger Biogasanlagen. U sech steet esou eng Anlag jo fir Erneierbar Energien, manner Emissiounen vu Dreifhausgasen an Ammoniak; et gëtt manner mineraleschen Dünger benotzt an d’Grondwaasser ass manner belaascht. Esou liest een et an der Bestandsopnam vun der Biogasvereenegung. Quasi 50% manner Anlagen - et géif weder eng politesch Visioun nach Interessi um Secteur, an dofir geet deen, Monique Kater, elo an d’Offensiv...