E Supermarché, net wéi déi aner
27/01/2021

Wa mir aner an den Supermarché ginn, maache mer eis meeschtens just Gedanken fir dass mer näischt vergiessen. Et gëtt awer och Leit déi all Euro e puer mol mussen ëmdréien a sech genee mussen iwwerleeë wat se kafen a fir wéi laang se domadder duer komme mussen. A fir deene Leit entgéint ze kommen gëtt et zu Betebuerg den Cent Buttek um Nummer 12 rue de la Gare.