De Blanneféierhond - Wei lieft et sech mat sou engem Hond?
29/01/2021

Op dësem 29. Januar hu mer haut den Dag vum Blanneféierhond. Dofir interesséiere mir eis haut am RTL-Wecker fir d'Ausbildung vun sou engem Muppes, ma mir schwätzen awer och mat Leit déi op d'Hëllef vun engem Blanneféierhond ugewise sinn. De Loïc Juchem ass de Moien zu Rodange beim Roland Welter. Hien huet zanter 1998 sou en Hond.