De Verain „Chiens Guides d’Aveugles au Luxembourg“
29/01/2021

"Chiens Guides d’Aveugles au Luxembourg“ sou heescht de Verain, deen hei zu Lëtzebuerg blanne Persounen hëlleft e Mupp ze fannen. Eise Live-Reporter wëll haut um Dag vun de Blannefeierhënn eppes iwwert déi Déieren an hier Ausbildung gewuer ginn. Nodems sou e Muppes schonn a jonkem Alter als „geegent“ defineiert gouf, kënnt en vir d‘allereischt mol bei eng Famill, dei en awer just fir e Joer ophëllt. Während där Zäit gëtt en an enger extrae Blannenhondsschoul ausgebild a kënnt dann duerno bei eng blann Persoun. De Loïc Juchem am Gespréich mam Präsident vum Verain, de Roland Welter.