EU-Dateschutzdag: Wat ass Dateschutz iwwerhaapt?

28/01/2021
EU-Dateschutzdag: Wat ass Dateschutz iwwerhaapt?
Play

Wie kennt et net, et wëll ee séier eppes am Internet nokucken, klickt eng Säit un a scho ploppt eng Fënster op, et stëmmt een där zou, kuckt net richteg. Ëmmerhi muss et séier séier goen. Wat een do akzeptéiert huet, weess een duerno net méi. Oder et freet een sech eng Clientskaart an engem Geschäft un, wonnert sech vläicht nach kuerz firwat een sou vill Informatioune muss iwwert sech uginn, mécht et dann awer. Ëmmerhi gëtt ee gelackelt mat Prozenter oder flotte Sammelaktiounen. Am Alldag passt ee vläicht net ëmmer sou op déi eegen Donnéeën op, wéi een dat sollt maachen. Um EU-Dateschutzdag geet et dorëmmer iwwert Thema Dateschutz ze sensibiliséieren. Wat stécht hannert deem grousse Wuert Dateschutz stécht a wéi eng Rechter hu mir iwwerhaapt?