De Politiker Jean-Paul Rippinger iwwer d'Affär Semedo

“D’Affaire Semedo ass eng onwarscheinlech Blamage fir Lëtzebuerg; d’Europadeputéiert muss demissionéieren, an et geet hei ëm de Rechtsstaat!” ... dat ware gëschter d’Wierder vum fréieren Deputéierten, Fraktiounschef, Schäffen a Conseiller Jean-Paul Rippinger. Bal 40 Joer war hie Member an der Demokratescher Partei, haut ass hie politesch net méi engagéiert, mee den Affekot kritiséiert awer regelméisseg d’Politik vun de Liberalen. Net nëmmen déi vun der Regierungsequipe, mee eben och elo d’Aart a Weis, wéi d’Europadeputéiert vun der DP sech beholl hätt. Och wann d’Monica Semedo an der tëscht hiere Recktrëtt aus der Partei annoncéiert huet, ass d’DP fir de Jean Paul Rippinger net optimal fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg. E Reportage vum Monique Kater.