Den RTL-Wiederfräsch Pitt Wagner
05/02/2021

Valérie Wagner, Joelle Kirsch a Pitt Wagner, sou heeschen eis Wiederfräschen a si soen eis Dag fir Dag op RTL Tëlee viraus wéi d‘Wieder dann déi nächst Deeg wäert ginn. De Pitt ass deen Neiste vun hinnen, ma schafft awer schonn zanter Jore bei RTL an der Regie. Et goung quasi vun hannert der Kamera virun d’Kamera. Haut um Dag vun de Meteorologen huet de Loïc Juchem emol hannert d‘Kulisse vun der RTL Meteo gekuckt.