E besseren Denkmalschutz ouni Inneministère
04/02/2021

Landeswäit all déi Associatiounen zesummebréngen, déi sech fir d’Erhale vum gebaute Patrimoine asetzen – dat ass d’Ziel, dat 6 Associatiounen aus dem Beräich vum Denkmalschutz sech zejoert gesat hunn. Haut ass en éischte wichtege Schrëtt realiséiert: iwwert de Wee vun enger Federatioun wëllt ee méi Drock man op d’Politik, déi décidéiert, wat fir Haiser respektiv Gebaier als Zäitzeie stoe bleiwen a wéi eng verschwannen. Dass d’Bierger net mat all Uerteel vu Staat a Gemengen averstane sinn, weisen déi rezent Protestaktiounen - an deenen, MK, gëtt déi nei gegrënnte Federatioun, vun elo un, méi Gewiicht...