STROOSSENENGELEN: HËLLEFEN WOU TRIPLE-A & VERMÉIGENSSTEIER KENG ROLL SPILLEN
08/02/2021

Och Leit déi aarm sinn oder esouguer keen Daach iwwert dem Kapp hunn, hunn e Recht op e mënschewierdegt Liewen.” Esou steet et op der Internetsäit vun de Stroossenengelen. Eng vun de Missioune vun der Asbl ass déi, Liewensmëttel bei d’Leit heem ze féieren. Bal 300 Nimm stinn op de Stroossenengelen hirer Lëscht. Alles eenzel, komplizéiert Liewensgeschichten, déi um Enn op dat selwecht erauslafen: eng Rent, déi vir an hanne net duer geet; Laangzäit-Chômage; RMG; e Liewen op der Strooss.
Fir aus der Bunn ze geroden, brauch et hautzedaags net vill, seet de Luc Lauer, dee reegelméisseg fir d’Stroossenengelen ënnerwee ass, an d’Monique Kater op d’Stater Tournée matgeholl hat...