T’gëtt net nëmmen den Adapto!
10/02/2021

Zesumme mam gratis öffentlechen Transport gouf et zejoert eng Ännerung a Saachen Adapto.
Dat ass e Service fir Leit mat engem Handicap deen irreversibel ass, physesch oder mental, onofhängeg vun hirem Alter.
Fir och dee Service kënne gratis unzebidden, huet e misse reforméiert ginn, sou déi Responsabel aus dem Transportministère; et goufe méi streng Kritère gutt geheescht, déi ugangs awer wéinst dem Covid bis Enn lescht Joer ausgesat gi sinn.
Am Kloertext heescht dat, dass Persounen, déi net ënnert déi nei Adapto-Kritère falen, weider vum Service profitéiert hunn...eng Decisioun déi elo esouguer bis Enn vun dësem Joer gëllt...Monique Kater....