Etüd iwwer d'Accouchementer a COVID-19 Zäiten

De Covid-19 huet säit bal engem Joer sou Munches op d'Kopp gehäit a villes leeft aktuell net esou wéi gewinnt. Dat gëllt och fir Fraen déi an dëser dach spezieller Zäit schwanger sinn an accouchéieren. Nieft der Angscht wärend der Schwangerschaft de Virus opzerafen, waren och déi zukünfteg Pappen net bei de gynekologeschen Ënnersichungen oder beim Ultraschall zougelooss, Besuch an der Klinik tabu a Personal wat iwwerschafft ass an deemno vläicht net sou present ass wéi am Normalfall. Alles dat si natierlech aschneidend Erfarungen, grad bei enger Gebuert, enger Zäit déi fir all Fra eng ganz besonnesch ass. A genee déi Erfarunge ginn elo an enger Ëmfro op europäeschem Niveau gesammelt. Sollt Dir lescht oder dëst Joer accouchéiert hunn, dann heescht et elo d'Ouere spëtze well Är Meenung ass wichteg!