Pejorativ Wierder am LOD
11/02/2021

Wéi eng Wierder dierf/soll een nach benotzen a wéi eng net? Déi Fro stelle mer eis permanent a gëtt och ëmmer nees thematiséiert wann d'"Zigeunersosse" ëmbenannt gëtt oder wann an enger däitscher Talkshow doriwwer diskutéiert gëtt. Esou geschitt rezent um WDR bei deem sech d'Gäscht eens waren iwwer verschidden Termen déi een dierf soen. Anerer waren sech eens, dass een dat net dierf. Wéi gesäit dat hei zu Lëtzebuerg aus wollt ech wëssen.