Schwäikal zu Lëtzebuerg
11/02/2021

Minus 98,6 Grad, méi kal geet et net. 2004 gouf dës äiseg Temperatur vun US-Fuerscher an der ëstlechen Antarktis bei der Auswäertung vu Satellitemiessungen ermëttelt. Dat ass domadder déi niddregsten Temperatur, déi op der Äerduewerfläch bis elo gemooss gouf. Sou kal ass et zu Lëtzebuerg net. An awer et zur Zäit dach spatz dobaussen an mir hu beim Diplom-Meteorolog Peter Hinteregger vu Kachelmannwetter nogefrot, wéi laang déi Keelt nach unhält.