Grousse Chantier zu Dikrech: 111 Schaffdeeg gi gebraucht
09/06/2021

Soubal d'Wieder eenegermoossen gutt ass, fänkt och d'Zäit vun de Schantercher un. A keng Géigend bleift verschount. Bal muss den Trottoir erneiert ginn, et gëtt eppes méi breet gemaach oder nei Réier an Kabelen mussen geluecht ginn. Deviatiounen, en Aarbechter mam Fändel oder rout Luuchten reegelen dann de Verkéier, an eisen RTL Reporter huet sech haut en apaart grousse Chantier virgeknäppt an ass schonn ganz fréi op Dikrech gefuer.