Buch "De Lampertsbierg"

27/12/2021
Buch "De Lampertsbierg"
Play

De Stater Quartier Lampertsbierg steet am Mëttelpunkt vun engem Film-Documentaire a 6 Deeler, deen de Joy Hoffmann realiséiert huet an deen dës Woch och bei eis op der Tëlee ze gesinn ass. Scho virun 2 Joer haten d'Geschichtsfrënn Lampertsbierg e Buch erausbruecht mat villen Detailler, Dokumenter a Fotoen. D'Buch, dat och bei der Preparatioun vum Film gehollef huet, war séier vergraff. Elo ass et awer fir de Lancement vum Film nach emol erauskomm. D'Christiane Kremer kuckt mam Anicet Schmit a mam David Dominguez Muller op de Quartier.