Wéi sécher sinn d'Spillsaachen?

21/12/2021
Wéi sécher sinn d'Spillsaachen?
Play

Wat schenken ech, wat schenken ech? Dat ass bestëmmt eng Fro, déi aktuell a ville Käpp ronderëm geeschtert. Déi eng halen et ganz einfach a schenken sech näischt, fir anerer ass dat e wichtegen Deel vum Chrëschtdagsfest fir senge Léifsten eppes ze ginn.  Ma op d'mannst wann an der Famill Kanner sinn, wéilt een jo net gäre mat eidelen Hänn kommen. An a Saache Spillgezei ass de Choix onendlech. Ma Spillsaach ass net direkt Spillsaach, och do ginn et Ënnerscheeder an der Qualitéit an dat kann e Risiko fir d'Sécherheet vun esou engem Produit sinn. Dofir ginn et e puer Punkten op déi een oppasse kann.