Am Science Center: De Planetarium ass nawell gefrot
19/01/2022

Eemol d'Galaxie bereesen ouni mussen d'Land ze verloossen ass méiglech. Et muss een dofir just bis op Déifferdeng an de Science Center goen. Eng sechs Meter breet Kuppel gouf dofir installéiert, do gesäit een da Videoe vu Stären a Stärekonstellatiounen an alles an allem ass Plaz fir eng 30 Léit an dëser neier Kuppel. De Loïc ass fir eis de Moie sur Place a wëll alles iwwert de néie Planetarium gewuer ginn.