Bäckerei Jos a Jean-Marie: Den éischten neien Uewe gëtt geliwwert
21/01/2022

De Schock souz déif, nom Feier am Dezember an der grousser Bäckerei. Ëm sou méi grouss waren d’Motivatioun an d’Ënnerstëtzung fir alles séier erëm opzebauen. Den RTL Reporter war mat dobäi, wéi den éischten néien Uewe geliwwert gouf.
Ee vun de Patronen, de Jean-Marie huet dem Dan Vinkowski all Informatiounen iwwert esou e groussen Uewe ginn, eis awer och erzielt, wéi vill der elo nach geliwwert ginn.