2 Deeg virun der Aféierung vum Covidcheck op der Schaff bleiwe praktesch Froen
12/01/2022

3 Deeg virun der Aféierung vum Covidcheck-System op der Aarbecht stelle sech nach eng Rei praktesch Froen, sinn nach net all d'Häertefäll gekläert, dat ass de Moien an engem Face-à-Face bei eis op der Antenn tëscht der OGBL-Presidentin Nora Back an dem UEL-President Michel Reckinger eraus komm. Och bei der Impfflicht verweisen d'Sozialpartner ob déi praktescher Ëmsetzung déi grad zu Lëtzebuerg, wéinst der héijer Zuel vu Frontalieren, net evident ass. Claude Zeimetz