Opening Esch 2022 - De Mobilitéits Konzept
25/02/2022

Online kritt ee keng Tickete méi fir den Ouvertures Event vun Esch2022.
Wann Der zu deenen dausende Leit gehéiert, déi schonn en Ticket hunn, dann ass et ganz wichteg wéi Der e Samschdeg am beschten op déi zwee Sitten Esch a Belval kommt. Den RTL Reporter war um Belval fir nozefroen, an do begéint den Dan Vinkowski de Mann den de Mobilitéits Konzept fir all d'Visiteuren ausgeschafft huet.