Weltkriibsdag - Temoignage vun enger Kriibspatientin
04/02/2022

Wann een d'Diagnose Kriibs kritt, dann ass dat als 1. mol e grousse Schock deen ee verdaue muss. Ma net nëmmen fir ee selwer mee och fir d'Leit ronderëm een, ass dëst keng schéin Noriicht. De Patient huet dee Moment immens vill mat sech selwer ze dinn, erlieft schwéier Momenter a brauch deementspriechend Ënnerstetzung vum Ëmfeld. D'Nicky Soisson huet sech mat enger Kriibspatientin ënnerhalen.