An der Museksschoul: De Solfège
07/02/2022

Den RTL Reporter ass de Moie musikalesch ënnerwee. Zu Péiteng an der Museksschoul kënne Kanner vu 4 Joer un éischt Erfarunge mat der Musek maachen. Am Ufank vun der musikalescher Karriär muss een natierlech och Noute léieren, dohier loossen d'Solfège-Coursen och net laang op sech waarden. Och wa vill Leit des Coursë verdäiwelen, sou muss et awer gemaach ginn. De Loïc freet elo ënnert anerem no, wisou de Solfège dann sou "gehaasst" gëtt.