LCGB: Endlech eng Léisung fannen fir Frontalieren, déi als Chauffer am internationalen Transport schaffen

26/01/2022
LCGB: Endlech eng Léisung fannen fir Frontalieren, déi als Chauffer am internationalen Transport schaffen
Play

Mat méi Drock op d'Politik well den LCGB dofir suergen, datt endlech eng Léisung fonnt gëtt, fir Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg als Chauffeur am Secteur vum internationalen Transport schaffen.
Zënter ronn zwee Joer mécht den Chrëschtleche Gewerkschaftsbond op d'Situatioun vun dëse Leit opmierksam, a kënnt zur Conclusioun, datt zu Lëtzebuerg de politesche Wëlle feelt, fir eppes z'ënnerhuelen.
Duerch en europäescht Reglement riskéiere déi betraffe Salariéën hier Affiliatioun an der Securite Sociale ze verléieren an anengems och d'Recht op Prestatioune wéi de Congé parental oder d'Familljenzoulagen, Dany Rasqué.