Liewensmëttel-Kontrollen

08/02/2022
Liewensmëttel-Kontrollen
Play

Zanter gëschter ass den E171 an der EU als Zousazstoff a Liewensmëttel verbueden. Et gi Bedenken datt dee wäisse Faarfstoff a Form vun Nanopartikel d’Ierfgutt an den Zellen kéint schiedegen. Beweisen konnt een dat bis haut net. Mee well Zweiwel net aus dem Wee geraumt konnte ginn, huet d’EU Kommissioun mat de Memberlänner decidéiert den Zousazstoff, deen och als Titandioxyd bekannt ass, ze verbidden. Wéi ass et allgemeng ëm d’Sécherheet vun de méi wéi 300 Additiven déi an der EU zougelooss sinn, bestallt? D’Raphaëlle Dickes huet nogefrot