BENU Reuse - online Plattform
16/02/2022

Eis RTL Reporterin Nicky Soisson war fir Iech op Esch bei BENU luussen, eng Asbl déi sech ganz aktiv fir Nohaltegkeet asetzt an zu 150% virlieft wéi et och anescht goe kann. 2018 huet alles mat BENU Couture ugefaangen. Aktuell baut een dat éischt Ekoduerf, BENU Village, an der Groussregioun an dat lescht Joer am September huet een decidéiert och online méi aktiv ze ginn. Dorausser ass BENU Reuse entstanen.