Mammesprooch - D'Marthy Gloesener léiert eis Lëtzebuergesch schreiwen
21/02/2022

"Wa mir heiuawwen afeenke vu Schnicksdécher a Bottichen ze schweetze, verstidd dir doanne kee Wuatt mi..."
Dat ass nach e gudden alen Dialekt. An där ginn et der jo nach e puer hei am Land. Gottseidank.
Mee wosst dir dass am Duerchschnëtt all zwou Wochen eng Sprooch verschwënnt an domat och hire kulturellen an intellektuellen Ierwen? Haut ass den Unesco-Dag vun der Mammesprooch an dowéinst wëlle mer de Moien e puer Aspekter an dem Kader beliichten, dofir ass d'Michèle Schons, fir eis um Tour an huet eng ganz gutt Plaz fonnt, wou sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch agesat gëtt.