Internet am jonken Alter - Chance notzen a Risiken erkennen
10/02/2022

Déi digital Offer gehéiert - bal onofhängeg vum Alter - zum Alldag dobäi. Kanner kucken sech vun den Elteren villes of, och d'Internetnotzung. Et wier wichteg, dat net ze verdäiwelen, mee d’Chancen ze erkennen an op d’Risiken opmierksam ze maachen, esou d’Debora Plein, Coordinatrice vu BEE SECURE beim Service National de la Jeunesse. Si war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.