Dag vum 112: D'Nummer gëtt nach ze dacks fir Renseignementer gewielt
11/02/2022

Wei der de Moie scho konnt op RTL héieren, ass haut europawäit den Dag vum 112. Ziel ass et fir d'Leit iwwert de Sujet ze sensibiliséieren. Wéini wielt een Noutruffnummer, wéi soll een sech um Telefon verhalen, a wéi passt d`112 Telefonsunitéit bei gréissere Katastrophen hiren Dispositif un? D'Diana Hoffmann huet mam CGDIS Responsabele vum 112 fir d'Koordinatioun vum Uruff bis bei den Asaz geschwat.