Nei Nomenclature: Fra huet elo de Choix, wien se wëllt d'Schwangerschaft iwwerwaache loossen

15/02/2022
Nei Nomenclature: Fra huet elo de Choix, wien se wëllt d'Schwangerschaft iwwerwaache loossen
Play

Zanter dem Ufank vum Mount gëllt eng nei Nomenclature di méi Leeschtunge vun den Hiewammen couvréiert. Doduerch hunn d'Fraen elo de Choix, vu wiem se wëllen wärend hirer Schwangerschaft betreit ginn. An dat vu virun der Gebuert, bis och nach dono. D'Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewammen, d'Nadine Barthel schwätzt vun enger grousser Valorisatioun fir dës Aarbecht, déi géing fir méi Zefriddenheet suergen. Dat souwuel bei den Hiewammen, wéi awer och mat Sécherheet bei de schwangere Fraen. Diana Hoffmann