Präis-Haussen: Betriber geroden ëmmer méi an d'Laberenten
22/02/2022

D'Inflatioun ass den Ament extrem héich. Tëscht Januar 2021 a Januar 2022 ass den Taux ëm 4,7 Prozent an d'Luucht gaangen, d'Solden erausgerechent. Eng Berouegung vun der Situatioun ass net en Vue. De Statec rechent domat, datt dat eréischt d'nächst Joer wäert de Fall ze sinn. Et bräicht een elo eng kuerzfristeg Léisung op eng Partie vu Problemer, déi sech als zimmlech laangfristeg ukënnegen, seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen. Souwuel Menagë wéi och Betriber leiden ënnert der Präisdéierescht. Diana Hoffmann