Visite vun EU-Deputéierten zu Esch vierun Esch 2022
23/02/2022

Kuerz virun der offizieller Ouverture vun Esch 2022 waren d’Presidentin an Deputéiert vun der Commission de la culture et de l’éducation vum Europaparlament op enger Aarbechtsvisitt am Minett.
Deel vun der Visitt waren ënner anerem eng Entrevue mat der Kulturministesch Sam Tanson, ewéi och en Tour duerch Esch a Belval, wou si sech verschidde Projeten ukucke waren.
Zum Ofschloss vun hirer Visitt hunn si op enger Pressekonferenz a Präsens vum Escher Buergermeeschter Georges Mischo vun hiren Impressioune geschwat. Sabrina Backes