Temoignage vun ukraineschen Flüchtlingen, déi zu Miersch ënner komm sinn
01/03/2022

Ëmmer méi Ukrainer verloossen Krichsgebitt an sinn op der Flucht an Direktioun West-Europa.
Och hei zu Lëtzebuerg weist sech eng grouss Well u Solidaritéit, d’Land wëll ukrainesch Flüchtlingen ophuelen an si mat de néidegste Saachen equipéieren.
De Michel Sinner a seng Partnerin Lilia Tomashchuk sinn e gutt Beispill: d’Koppel huet d’Elteren an d’Groussmamm an hirem Doheem zu Miersch opgeholl. Dofir waren se d’Famill mam Auto an d’Slowakei sichen.
D’Sabrina Backes huet mat der Koppel geschwat.