In pace: Olivia Newton-John
01/11/2022

Dëst Joer am Summer huet eis eng brittesch-australesch Sängerin an Actrice fir ëmmer verlooss. Net manner ewéi 4 Grammyen hat d'Olivia Newton-John am Laf vun hirer Karriär gesammelt, si war eng Ikon. Wien hire Numm héiert, denkt automatesch u 'Grease', e Musical-Film, deen op der ganzer Welt Erfolleg hat.