In pace: Henri Losch
01/11/2022

Chrëschtdag 2021 koum déi traureg Nouvelle, datt den Henri Losch am Alter vun 90 Joer fir ëmmer vun eis gaangen ass. De 16. Juli 1931 koum hien zu Dikrech op d’Welt a bis zu lescht hat e sech duerch säin Aktivsinn ervirgedoen. Hien hat fir Schoulmeeschter geléiert, ma dat war just eng vu senge ville Beschäftegungen. Sou war hie och Theateracteur, Dictiounsproff, fräien RTL-Mataarbechter an och Auteur vu Kanner- an Erwuessenerliteratur. D'Marie Gales mat engem klenge Portrait.
