D'Juegd zu Lëtzebuerg: Jeeër a Fierschter schaffen am Bësch zesummen
04/11/2022

Et ass Juegd Saison zu Lëtzebuerg, dofir ass den RTL Reporter haut am Gréngewald ënnerwee, mat der Jeeërin a mam Fierschter. D’Juegd ka Leidenschaft sinn awer och wichteg fir eis Natur, an d’Fleesch ass gesond, wéi den Dan Vinkowski am Bësch gewuer gëtt.