Op Nopeschmediatioun setzen
02/11/2022

An de Reegel leeft jo alles gutt, déi meescht Mënsche verdroe sech mat hiren Noperen. Méi oder manner! An der Press héiere mir just vun deene Fäll, bei deenen sech d'Noperen an d'Hoer kréien an et dann d'Situatioun eskaléiert. Et ginn onendlech vill Grënn firwat ee sech mam Noper zerstreit. Wann een dann awer op kee Grénge Zweig kënnt fir datt Fridden akéiere kann, wier et gutt op e Mediatiounsservice zréck ze gräifen.