Wat geschitt mat de Blieder?

03/11/2022
Wat geschitt mat de Blieder?
Play

Am Hierscht verléieren d'Beem hir Blieder. Grouss Freed fir déi Kleng, déi se da kënne sammelen. Bëssi Aarbecht fir d'Hausbesëtzer, déi ugehale sinn, d'Blieder op hirem Trottoir wech ze kieren oder ze blosen. Do ass et wéi beim Schnéi wech schëppen.
Den Ament ass dann och den Heemount fir d'Gäertner bei de Gemengen, well och si op ville Plazen d'Blieder wech maache mussen.