Hochzäitsbräich op der Welt
03/11/2022

De Wee zu der grousser Léift fir d'Liewen ass dacks keen einfachen - dat spigelt sech och an den Hochzäitstraditiounen op der Welt zréck. Vu virgetäuschten Entféierungen a Russland bis zu engem, soe mer mol, éischter manner doucen Erwäche vun der Braut an Éisträich. An awer ass et a ville Kulturen nach ëmmer Brauch al Hochzäitstraditiounen ze erhalen. D'Nicky Soisson huet sech verschidde Bräich op der Welt méi genee ugekuckt.