Krawatt oder net?
07/11/2022

Fir als gutt gekleete Mann eriwwer ze kommen, muss eng Krawatt hier. Domadder ass dann d'Seriositéit perfekt. 70 Joer huet sech d'ARD an hiren Noriichten dorunner gehalen. Ma dëser Deeg schéngt et, wéi wann dat mat der Krawatt dach net méi esou wichteg kéint ginn, well bei der Däitscher „Tagesschau“ muss een elo keng Krawatte méi unhunn. Op mannst zu bestëmmten Auerzäiten.