Bazar International, déi däitsch Equipe baut vill Adventskränz
09/11/2022

Och wann op der Welt villes eis Suerge mécht, esou eng laang Traditioun wei de Bazar International, weist eis allkéiers erëm, wei vill Natiounen hei zu Lëtzebuerg friddlech zesumme liewen a schaffen. Si fanne sech scho laang virun dem Evenement mat hiren Equippen zesumme fir de Léit duerno flott Stänn ze präsentéieren. Den RTL Reporter huet verschidden Natioune besicht, lass geet mat der däitscher Equipe, wou den Dan Vinkowski op e gudden ale Brauch trefft.