SOS Villages d'Enfants Monde op Madagaskar
08/11/2022

Am Häerz vum indeschen Ozean läit Madagaskar, et ass déi 5. gréissten Insel vun der Welt an do liewen eng 27 Millioune Mënschen. Och wann d'Land räich un natierleche Ressourcen ass, liewen déi meescht an enger uerger Aarmut. Méi wéi d'Hallschent huet keen Accès zu Drénkwaasser an de Gros huet keen Elektresch zur Verfügung.