Nekrolog 2022
30/12/2022

An der Nuecht op Hellegowend ass de Sänger Maxi Jazz am Alter vu 65 Joer a sengem Londoner Haus 'friddlech entschlof', wéi et vu senge Band-Kolleege vu Faithless geheescht huet.
D'Vivienne Westwood, d'Mouddesignerin déi d'Punk-Moud op der Insel mat erfonnt huet, ass den 29. Dezember am Alter vun 81 Joer gestuerwen. Grad ewéi och de Pelé, ee vun de gréisste Futtballspiller vun allen Zäiten, de brasilianeschen Nationalheld, deen eis och den 29. Dezember am Alter vun 82 Joer verlooss huet.
2022 geet op en Enn, d'Marie Gales erënnert un e puer weider bekannte Leit, déi eis dëst Joer gestuerwe sinn.