Dem Wollef begéinen
02/01/2023

Viru Kuerzem gouf am Raum Ëlwen en dout Schof fonnt, dat héchstwarscheinlech vun engem wëllen Déier gerappt gouf.
Wéi d'Naturverwaltung an engem Schreiwes matdeelt, kéint een opgrond vun de Bass-Spueren net ausschléissen, dass d'Schof vun engem Wollef gerappt gouf. Et ass elo net déi éischte Kéier, datt et Meldunge vu Wëllef an eiser Géigend ginn. An direkt stinn och vill Virurteeler géintiwwer vun dësem Déier am Raum. Mir wollte wéi e sech soll behuelen, wann een engem Wollef am Bësch iwwer de Wee leeft.