Erkaalt? Dann net dës Feeler maachen!
05/01/2023

Houscht an Halswéi, Schnapp a midd. Näischt Neits an dëser Joreszäit, ma nerve maache se trotzdeem ëmmer, déi Erkältungen. Dat ass gewosst. Fir dës séier nees lass ze ginn, huet een nawell gären d'Tendenz zu enger ganzer Armada vu klasseschen Hëllefsmëttel zréckzegräifen. Ma net all Medikament oder Rotschlo déi et géint Erkältunge ginn, hëllefen och wierklech. Verschiddener schuede souguer méi wéi se notzen. Nicky Soisson.