E gemeinschaftleche Bëschgaart zu Miersch
10/01/2023

E Gaart ass eng Plaz wou Mënschen aus diversen Hannergrënn sech treffen, a kulturell Traditiounen austausche kënnen, woubäi net nëmmen d'Wuelbefanne gehuewe gëtt, ma et wierkt och géint sozial Isolatioun. Besonnesch an engem Gemeinschaftsgaart kann esou eppes entstoen, well et engem d'Gefill vermëttelt zesummen eppes ze schafen an och dozou ze gehéieren. Esou e Bëschgaart entsteet och grad zu Miersch, an Zesummenaarbecht mat Cell, dem Center for Ecological Learning, dem Gaart an Heem Miersch an Eise Gaart, Michèle Schons?