Dry January
11/01/2023

Wie beim dréchene Januar matmécht, dem sougenannten Dry January, deen huet sech als Ziel gesat fir den éischte Mount vum Joer fräiwëlleg op Alkohol ze verzichten. D'Campagne versprécht, dass sech ee Mount ouni Alkohol positiv op d'Gesondheet auswierkt. Mä wéi geet et dono weider? Kann deen ee Mount bewierken, dass een och weiderhi manner Alkohol consomméiert? D'Michèle Schons wollt wësse wat un der Saach drun ass.